Good morning/ Gudde Moien,
Et si Kleeschen c’était une femme? 🙂
Chez moi en tout cas ca l’a été et elle a su exactement comment me faire plaisir, merci villmools!
Et si Kleeschen c’était une femme? 🙂
Chez moi en tout cas ca l’a été et elle a su exactement comment me faire plaisir, merci villmools!
Below you will find the lyrics of the traditional song “Léiwe Kleeschen” and the link to a YouTube video where you can listen to it. Enjoy your day!
Hei drënner fannt Dir den Text fir d’Lidd vum Kleeschen an och de Link op youtube, wou Dir d’Lidd lauschtere kënnt. Genéiss däin Dag!
Hei drënner fannt Dir den Text fir d’Lidd vum Kleeschen an och de Link op youtube, wou Dir d’Lidd lauschtere kënnt. Genéiss däin Dag!
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
Bréng eis Saachen, allerhand,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen,
Aus dem schéinen Himmelsland.
Bei der Dier do stinn eis Telleren
Beieneen an enger Rei
't läit och Hee do fir Däin Iesel
Dofir bréng ons Spillgezei. (bis)
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen allerlee,
mir eng Pëppchen, an eng Wéichen,
onsem Charly eng nei Lee!
Dann nach eppes fir de Mëndchen,
domat sinn ech extra frou,
sou e klenge Schocklasbëndchen
gëff mir Kleeschen heemlech zou. (bis)
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen, schéin a gutt,
bréng e Päerd mir an eng Gäissel,
wéi dir där am Himmel hutt!
Mat Kamellen eng kleng Tiitchen,
Äppel, Biren, Hieselnëss,
awer maach och, gudde Kleeschen,
dat s de d'Mamma net vergëss. (bis)
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
lauschter och wat d'Mamm dir seet,
maach mir frou meng häerzeg Kanner,
't ass fir mech déi gréisste Freed.
Laang nach looss se Kanner bleiwen,
't ass déi schéinst, déi glécklechst Zäit,
well d'Erënnerung un déi Stonne
grad wéi Gold um Liewe läit.(bis)
(Text vum Willy Goergen a komponéiert vum Pëppy Beicht)
No comments
Post a Comment